@Jayjay :
Recht hues de, wann an den Papeieren Quatsch steet, dann hues de en gewaltegen Problem mat Sandweiler (der Agréatioun fiir genau ze sinn).
Also wann an den Papeieren MY00-MY02 steet, dann huet Eibach awer zimmlech sëcher eppes duercheneen geheit.
Ech hun daat awer an eischter Line weinst den MY00 gemengt. Waat dei Saach mat den mei neien WRXen ubelanngt, do huet sech am Gewiicht beschtenfalls ereicht ab MY06 eppes gedoen, well do den 2.5l Motor koum... Hei denken ech, hun sie hier Papeieren einfach nët nei gemach, well se nët genuch Oofsaatz haaten, an dass een d'Fuerwierk dann an Deitschland per Einzelabnahme androen muss.
Eng kleng Historie vun den Modeller ab MY00 :
Den MY00 ass nach en GT, oder classic Impreza wei en och nach genannt gët. Deem seng Typen-Bezechnung ass GC8. Du kanns
hei kucken, do geseis de waat ech mangen, mein aalen Subby ass en MY00 (deen neien en MY06 STi).
Den WRX, oder new age Impreza, ass ab MY01, daat war den Buf-Eye, deem seng Type-Bezeechnung ass GDB. Deen gouf ab MY03 vum Peanut-Eye oofgeleist ass ass bis MY05 quasi onverännert bliwwen (bis op Reck-Luuten an Detailer). Ab MY06 gouf ët dann dei mei grouss Ännerung, mat och enger neier Typen-Bezeechnug GDF, do koum niewt dem Facelift (Hawk-Eye) och den 2.5l Motor, an dest ass am MY07 bliwen (mat e puer Cosmetic Ännerungen).
Den STi gouf ët ausserhalb vun Japan ereicht ab MY02 (daat war den Bug-Eye). MY03-04 war dann den Peanut-Eye. Den MY05 ass en Iwergangsmodell, deen huet zwar nach den 2.0l Motor wei den Viirgänger, awer schon den Interieur, d'Ophängkung an d'Radlager (5x114.3 statt 5x100) vum MY06-07. NB: D'Typen-Bezeechnung bei den STi'en misst genau wei bei den WRXen geännert hun, woubei ech mech just froen, waat den MY05 genau ass, warscheinlech awer en nach GDB.