Hun nach eng 2t STi Auspuffanlaag doheem leien, komplett, fun fiir bis hannen. Gesäit impecabel aus ! Krut déi nach mat dobäi (zousätzlech zu där di schon op méngem drop ass) wi ech den Auto kaaf hun. Mäin ass en MY 03 STi. Wees lo net op wéieen Model daat déngen iwerall drop passt ! Den Jemp kann eis daat bestemt soen !
Passt wahrscheinlech mol op all STi (och 2.5) an fläicht och nach op all normale WRX ab 03 ? Jo ? Wees nit.
Op alle Fall et kéint jo sin dass een fun iech an den Alter kent dass en säin Blitz, Aerys oder Inox Car gaer rofhelt well séng Oueren daat nimmi matmaan welen, an dofir dann rem en originalt Deppen brauch ! Oder et wel een säin Subi verkaafen (Gott bewahre) an deen deen Intresséiert ass um Auto hätt en awer gaer original. Wees een nie.
Huet och keen wäert dass ech en originalt drop hun, geschwen en AERYS dropmaan, an nach en originalt an der Garage trellen hun.
Dofir setzen ech et mol dran. Kascht näicht. An falls ech hei keen fannen sollt deen intresséiert wier dann wees awer fläicht een fun iech wou ech der Anlaag kéint lassgin !
Merci am Viraus
