WRX Sti 2003-2006

You have something to sell ? Post it here (public)
Vous avez quelque chose à vendre ? Publiez-le ici (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
paulelux

WRX Sti 2003-2006

Post by paulelux » 06/04/2011 8:46:05

Salut

Ech verkaafen mat schweierem Herz mein WRX STi vun 06/2005

Den Auto huet 36.500 km rof, d'Révisioun gett beim Verkaaf nach gemaach, sprech nei Bremsplaketten fir an hanne, Vidange an nei Wischeren.

Den Auto ass blo (WR Mica) an gellen Felgen. Een Stickerset "WRC" kritt dir dobei (nach net opgepescht)

Den Auto huet een Apexi-System, AST-Gewindefahrwerk, AERYS-Auspuffanlage, Blow-Off, Alpine Touchscreen-Navi-Radio, Leestungsteigerung op 426 PS, et sin och fonkelnei Summerpneus drop - Bridgestone POTENZA Semi-Slick, monteiert goufen se den 18. März.

Et ass alles agedro, den Auto ass am Oktober 2010 duerch d'Kontroll gang, ouni Lach.

Den Auto ass an engem perfekten Zoustand

Bei Interesse einfach eng Mail schreiwen

Mat frendlechen Greiss

Paul

http://a1.sphotos.ak.fbcdn.net/hphotos- ... 9375_n.jpg
Last edited by paulelux on 06/04/2011 13:16:00, edited 1 time in total.

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/04/2011 10:49:05

Salut!

Hues dd vielleicht eng foto? An de preis??

Bis dann

Ben

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 07/04/2011 20:20:06

Oh..... schued dass du en schon verkeefs! :(

paulelux

Post by paulelux » 08/04/2011 11:12:10

Jo, et deet mir och leed en verkaafen ze mussen, mee ech gin rem opt Uni zreck an dann kann ech mir den Auto net mei leeschten :(

Ech hoffen ech fannen een, deen den Auto sou gutt behandelt wei ech ...

paulelux

Post by paulelux » 20/04/2011 12:00:09

Den Preis setzen ech mol op 35.000 € fest, mee ass awer Verhandlungsbasis

paulelux

Post by paulelux » 07/11/2011 13:40:06

Ech hun den Preis vum Auto bessen erofgesaat:

Ech geif en elo fir 27000 € verkaafen, mat 48.000 km

Bei Interesse, einfach mellen

mfG
Paul

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 18/02/2012 12:29:47


Post Reply