Wei di Meescht jo wessen, sin ech firun engem Mount ongefeier ugehaalen gin (normal Pabeier's Kontroll) an si hun leider dunn och bemierkt dass ech en Auspuff drop haat ouni Pabeieren.
Folgen waren Rapport op Sandweiler an eeben 74€ Protokoll.
Bon mais ech mengen d'Welt geet net ener ... oder?! ... am Moment wees ech wierklech net mei weider.
Eigentlech keint ech jo dei eng Sait frou sin dass ech nach mamm Auto dierf weider fueren, aanersaits as glaich Impreza Road Tour an ech stinn nach emmer mat engem komplett originalen Auspuff do, waat mech gehierlos nervt, vu que dass een den Boxer Klang einfach net mei heiert
Dofier wollt ech iech elo froen, watfireen Catback ech drop machen kann deen LEGAL as, an wou ech deen och keint kreien.
Ech hat schon beim AutoDesign nogefroot, do kascht een Invidia G200 zum Beispill 1000€ ongefeier.
Daat muss elo net onbedengt fir d'Roadtour sin, ech well dann leiwer eppes anstänneges um Auto waat mer och weiderhinn nie mei Probleemer mecht, wei wann ech elo een 100€ Auspuff dropklaaken an herno kann ech den Auto stoen loosen, well d'Koleegen mat den Kaapen rem eppes gemierkt hun waat se eigentlech net sollen
Bon ech mengen mir verstinn eis ... fannen et schued, et dierf een jo wierklech guer naicht mei haut dess Daags op sain Auto bastelen.
Ech hoffen dir kennt mer weider helefen.
Bis dann,
Luc
PS: Daten vun mengem Auto ==> Impreza GT MY99 (EJ205 / 160KW)