Salut Bruno!
Härzlech wëllkomm hei am Forum! Schéin, dass du den Wee bei eis fonnt hues!

Félicitatiounen och zu denger neier Machine! Een gudden Choix! Du werts et secherlech net bereien!!
Mir hoffen dech demnächst eng Keier bei engem vun eisen Treffen begréissen ze dierfen an weisen schon mol drop hin, dass déi 15. Editoun vun eiser internationaler "Impreza Road Tour Luxembourg" den 30 an 31 Mai wert stattfannen! (Weider Infoen setzen mir viraussiichtlech am Laaf vun deser Woch online)
Avantagen fir eis Memberen sin:
- Gruppenbestellungen (d.h. besser Präisser oder keng Transportkäschten fir eis Memberen)
- Präisreduktiounen bei Club-Partner (z.b. GP Performance an Autodesign)
- Exclusiv Events fir eis Memberen (Clubtour, Barbecue, Touren & Events am Ausland --> z.b. waren mir schon bei Prodrive, asw.)
- Preisreduktiounen bei Events (z.b. Trackday um Goodyear Circuit zu Colmar-Bierg)
Natirlech fréen mir eis och emmer iwwert Proposen vun eisen Memberen (nei Sponsoren/Partner, Participatioun un neien Events, asw.)
(Hoffentlech) bis geschwenn!
Mat beschten gréiss,
Yves