Also ech géing gaer en aneren Auspuff dropmaan. Eppes waat bessi mi rouert, awer net zevill. Dass een awer nach e Wuert madeneen schwätze kann am Auto.
Waarden op Virschléi !
Merci am Viraus
Moderators: Committee, Former-Committee

Yank555 wrote:Blitz !
www.blitz-uk.co.uk
Kann ech beim aktuellen Wiesselcours fiir ca. 400-450€ besuergen, je nodeem, ob soss nach een eppes mat hëllt, oder nët. (war fiirun 8 Meint vill mei interessant, mä d'£ ass nees geklommen...)
Androen geet, awer just per Eenzeloofnahm, an och just wann d'Kat'en drop bleiwen natierlech.
PS: Sorry, kann ët nët loossen
Yank555 wrote:Alternativ mat TüV wier :
AERYS
Cat-back Anlag, also just ab Kat : geseis de hei.
Turbo-back Anlag, also ab Tubro an mat Metall-Kat : geseis de hei.
Den Ben mescht grad eng Gruppenbestellung bei AERYS... also bei Interessie mach den bei
Momentan hun ech jo däin Inoxcar drop. An deen géing ech dann duerch den Prowler ersetzen. Fir Sandweiler géing ech dann rem daat original drop maan. Prowler huet keen TüV. E-Nummer konnt heen mir net soen, heen mengt awer net. Heen seet daat géing sou roueren dass do keng Pabeieren kenen dobäi sin !Yank555 wrote:Ass daat dann en aanert Dëppen wei daat waats du lo drop hues ? Huet d'Enddëppen ieren och keen TüV, resp. keng E-Nummer ?